Invité ass de Kënschtler Daniel Wagener an d'Curatrice Danielle Igniti. Ausserdeem d'Expo "Forced Amnesia" am Casino an "A Model" am Mudam.

Dës Woch am No Art on Air stellen de Kënschtler Daniel Wagener an d’Curatrice Danielle Igniti de Projet "Opus Incertum" vir, eng Ausstellung déi den Daniel Wagener schonn am Juli 2023 zu Arles um Fotofestival gewisen hat, an déi elo op Diddeleng an d'Pomhouse kënnt.

D’Patrcia Baum huet sech direkt 2 Expoen ugekuckt, "Forced Amnesia" am Casino an di nei Ausstellung am Mudam mam Titel "A Model".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.