No ART on AIR
D'Kënschtlerin Sarah Schleich
Invitéiert ass d'Kënschtlerin Sarah Schleich, ausserdeem eng Expo an der Völklinger Hütte an de neie Kannermusée Plomm.
Invitée am No Art ass d’Kënschtlerin Sarah Schleich, si schafft dacks mat Stoff an der Bitznol. An hirer aktueller Expo "9.49 am" geet et ëm ee ganzt intiimt Thema, hier Duechter an hir eege Kandheet.
De Joël Seiller war an d'Völklinger Hütte, wou den Ament eng Expo iwwert d’Geschicht vum däitsche Kino leeft.
An d’Claudia Kollwelter stellt de ganz neie Kannermusée Plomm zu Wooltz vir.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.
Am meeschte gelies