Invitéiert ass de Batteur Chris Maas, ausserdeem d'Expo "Superimposition" an den Auteur Haruki Murakami.

Maggie Rogers, Mumford & Sons, an elo de Sting. De Chris Maas ass de Batteur vun all dëse bekannte Bands. Wéi en zu dëse Gigs komm ass, zielt de gebiertege Lëtzebuerger, dee schonn bal 20 Joer zu London lieft, am No Art on AIR.

D’Claudia Kollwelter stellt dem japaneschen Auteur Haruki Murakami säin neit Buch  «Eine Stadt und ihre ungewisse Mauer» vir.

D'Patricia Baum war an de Cercle Cité d'Ausstellung "Superimposition" kucken, wou et ënner anerem ëm de Phenomen vum Ouerewuerm geet.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.