Invitéiert ass d'Performerin Catherine Elsen, ausserdeem de Projet "Elektron" a wéi wäit kann een an der Konscht goen?

D'Schauspillerin an d'Performance Kënschtlerin Catherine Elsen zielt iwwert e ganz ambitiéisen a spannende Projet, dee si schonn 2022 an d'Liewe geruff huet an dee konstant evoluéiert: "The Memory of Voice".

De Joël Seiller huet sech de Projet "Elektron" zu Esch ugekuckt, an den Dan Wiroth stellt d'Fro: Wéi wäit kann d'Konscht goen? Wou sinn d'Limitten?


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.