No ART on AIR
De Filip Markiewicz
„No Art On Air“
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Samschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.
De Kënschtler Filip Markiewicz, ausserdeem d'Festival Saison 2024 an de Prix de la Photographie goufen thematiséiert.
Molerei, Musek, Theater, Video, Fotografie – dem Filip Markiewicz säi Spektrum ass grouss. Ma genau sou villfälteg fléissen d’Inspiratiounen: vun der Popkultur bis zu gesellschaftlechen Themen.
D'Claudia Kollwelter huet sech perséinlech Highlights vun der Festival a Concerts Saison 2024 erausgepickt an d'Patricia Baum stellt de "Prix de la Photographie" zu Klierf fir.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.
Am meeschte gelies