De Schauspiller a Regisseur Fábio Godinho, ausserdeem d'Expoe vum Michel Medinger an Théo Kerg.

Nach virun engem Mount stoung de Fábio Godinho a Portugal fir eng nei Télé-Serie virun der Kamera. Nieft der Schauspillerei ass hien awer och als Theaterregisseur erfollegräich.

D'Patricia Baum war sech d'Ausstellung vum Michel Medinger am Märeler Park ukucken an de Joël Seiller stellt dem Théo Kerg seng Konscht an d'Expo an der Galerie 39 zu Diddeleng vir.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.