Invité am No art vun dëser Woch ass de Batteur Benoit Martiny. De Museker stellt e ganz speziellen Jazz-Album vir.

Et ass ee Projet zesumme mam Pit Dahm, Michel Reis an dem Michel Pilz , dee lescht Joer verstuerwen ass.
 
D'Claudia Kollwelter stellt 3 Caféen vir, wou ee säin musikalescht Talent kann an Jam Sessions oder Open-Mics ënnert Beweis stellen.
 
D’Sandy Elsen huet sech d’ Expo “my last  will” am Casino ugekuckt.
 
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.