Invitée ass d'Molerin Sandra Lieners, ausserdeem 40+1 an der Kulturfabrik an d'Expo #BFF.

Zënter 8 Joer schafft d’Sandra Lieners als Molerin hei zu Lëtzebuerg. Ma och eng sëlleg Kënschtler Residenzen huet si schonn am Ausland gemaach, dorënner Australien. Als Molerin ass si stänneg op der Sich no neien Iddien a neie Konzepter. Am No Art erzielt si méi iwwert hir läscht Residenz an Australien an hir aktuell Expo "Blue Mountains | Red Rocks" an der Galerie Indépendance.

D'Claudia Kollwelter stellt de Gebuertsdagsprogramm 40+1 vun der Kulturfabrik fir an d'Sandy Elsen war sech di nei Ausstellung vum Chantal Maquet mam Titel #BFF an d'Galerie Reuter Bausch ukucken. No Art On Air aus dem Vins Fins presentéiert vum Patricia Baum.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.