Invitée ass d'Actrice Myriam Muller, ausserdeem "Living Dog Among Dead Lions" an der Escher Konschthal an d‘Retrospektiv vum Kënschtler Xanti Schawinsky.

Schonn zanter méi wéi 30 Joer steet d’Myriam Muller virun der Kamera an op der Bün. Am No Art erzielt si iwwer hir aktuell an zukünfteg Projeten am Theater an am Film, awer och doriwwer, wat hir an hirer Aarbecht als Schauspillerin An Theaterregisseurin besonnesch wichteg ass.
 
D‘Patricia Baum war sech an d‘Konschthal dat aussergewéinlecht Wierk "Living Dog Among Dead Lions" vum georgesche Kënschtler Vajiko Chachkhiani ukucken.

D‘Sophie Becker krut am Mudam iwwerdeems en Abléck an dee kënschtlereschen Univers vum Xanti Schawinsky, deem säi Wierk sech duerch seng multidisziplinär Villfalt auszeechent.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Sandy Elsen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.