Wéi Viren eist Liewen negativ a positiv beaflossen.

De Coronavirus bestëmmt weider eist Liewen. Am Pisa erkläre mir wéi Viren sech an eisen Zelle breet maachen. Firwat net all Virus eis krank mécht. Wéi d’Immunsystem géint Infektioune kämpft. A wat geschéie muss dass ee rëm op e richtege Festival ka goen. Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren.

E Bréif mat enger schlechter Noriicht

Wéi d’Viren an eise Zellen era kommen.

Gesond duerch Viren?

Wéi d’Viren eise Kierper och positiv beaflosse kënnen.

Balance tëscht Mortalitéit an Ustiechungspotenial

Wat bestëmmt wéi geféierlech e Virus ass.

D’Zaldoten vum Immunsystem

Wéi eis Ofwierzellen géint Infektioune kämpfen.

Corona-Festival

Wéi kënne Museksfestivallen erëm méiglech ginn?

Fotogalerie