Wärend déi eng en ze roueg fannen, schéngt et, wéi wa genee dës Rou de Stater Wantermaart op déi éischt Plaz an engem BBC-Ranking katapultéiert hätt.

An engem neie Ranking vun der BBC, deen déi schéinste Chrëschtmäert an Europa ënnert d'Lupp hëlt, huet de Wantermaart vun der Stad Lëtzebuerg et op déi éischte Plaz gepackt. Virop gëtt de Maart fir seng méi relax Atmosphär gelueft, dat virun allem am Verglach mat de méi vill-besichte Mäert ronderëm.

"Déi wierklech Freed? Alles kënnen ze erliewen, ouni sech musse mat den Ielebéi duerch d'Leit ze kämpfen", sou de Bericht.

Ma net nëmmen de Maart, mee och d'Winterlights hu bei de BBC-Reporter Androck hannerlooss. An natierlech, wéi a sou villen internationale Berichter, och de gratis ëffentlechen Transport, mat deem ee bequeem vun engem Deel vum Maart bei deen anere kënnt.

Lëtzebuerger Spezialitéite wéi Kniddelen, Gromperekichelcher a Cremant hunn d'Reporter da komplett vum Grand-Duché iwwerzeegt.

Weider Stied am Verglach ware Mainz, Prag, Budapest, Nürnberg, Bratislava a London. Ma wann och bei allen e puer Saache gelueft ginn, sou ass et ëmmer nees de Fazit, datt ze vill Leit ënnerwee wieren an duerfir ze vill Gedrécks ass.