An dëser Editioun vum Pisa weise mir Botzaarbechten an der Kanalisatioun, de groussen Opwand an der Kläranlag an d'Fuerschung am Ofwaasser-Labo.

Déiwe Schacht, schwéier Aarbecht: Pompel gerett

T-Shirten, Fett a Lingetten. Um Belval verstoppe reegelméisseg Ofwaasser-Pompelen duerch Saachen déi net an d’Kanalisatioun gehéieren. Mir weise wéi d’Ekipp vum Service Kanalisatioun déi defekt Pompel aus engem déiwe Schacht erop hëlt an esou duerfir suergt, dass de Kanal net iwwer leeft. A mir klammen an dee gréissten Ofwaasser-Kanal vun der Stad Lëtzebuerg.

Kläranlag erkläert: wéi een Ofwaasser propper kritt

Déi gréisst Kläranlag zu Lëtzebuerg muss ausgebaut ginn. Parallel zum Mega-Chantier leeft de Betrib awer weider. Mir weisen déi verschidden Etappe vun der Klärung. Wat um Enn mam ville Klärschlamm geschitt a firwat verschidde Kläranlagen eng véiert Rengegungsstuf musse kréien.

Nëtzlech Viren am Ofwaasser

Am Ofwaasser fënnt ee Spueren aus dem mënschleche Kierper: Medikamenter, Drogen, Bakterien a Viren. Wärend der Corona-Pandemie konnt ee mat der Ofwaasseranalyse erausfannen, wou wéi vill Viren zirkuléieren. Haut kënnen d'Fuerscher vum LIST méi wéi just de Corona-Virus detektéieren.

Puffer-Basseng zu Déifferdeng

Fënnef Meter ënnert dem Buedem kënnt een zu Déifferdeng an e risege Reen-Iwwerlaf-Basseng. Ouni dëse géif eng grouss Kläranlag am Süde reegelméisseg iwwerlafen.

Kuckt all d’Episoden op RTL Play!

Pisa kënnt sonndes um 19 Auer op RTL Tëlee an dono op RTL Play.