Eng Persoun gouf vun engem Zuch erfaasst an déidlech blesséiert
© Domingos Oliveira / RTL
Géint 18.45 Auer e Méindeg haten d'CFL en Asaz vun de Secouriste gemellt, duerch deen den Trafic op der Zuchlinn 10 a béid Richtungen ënnerbrach gouf.
Fir d'Leit trotzdeem un hiert Zil ze bréngen, goufen tëscht Miersch a Lëtzebuerg Ersatzbusser agesat.
Ekippe vum CGDIS, vun der Police a vun den CFL waren iwwerdeems op der Plaz. Géint 20.20 Auer gouf RTL gemellt, Zich géifen op engem Niewegleis nees zirkuléieren.
En Dënschdegmoien huet d'Police da weider Detailer zum Tëschefall kommunizéiert. Deemno gouf hei eng 55 Joer al Persoun vun engem Zuch erfaasst. D'Secouristen hätten op der Plaz nëmmen nach hiren Doud kënne feststellen. Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz. Et gouf eng Autopsie ugeuerdent.





