Nei Etüd beleetVerschidde kleng Flantermais babbele wéi Puppelcher

RTL Lëtzebuerg
Net nëmme mënschlech Bëbeeë babbelen, ma och den Nowuess vu bestëmmte Fliedermais versicht esou ze kommunizéieren.
© EUREKALERT!/AFP/Michael Stifter

Dorop sinn zwou Fuerscherinne vum “Berliner Naturkundemuseum” gestouss, wéi si d’Stëmmentwécklung vun enger bestëmmter Zort Flantermais analyséiert hunn, déi a Mëttelamerika liewen. Fliedermais kommunizéiere mat Ultraschall, ma si sinn och an der Lag, Téin vu sech ze ginn, déi Mënschen héiere kënnen. Fir dat mënschlecht Ouer géingen dës wéi en hellt Zwitschere kléngen, esouguer “melodesch”, erkläert d’Mirjam Knörnschild, Co-Autorin vun der Studie. Et wier awer eng Eegenaart vun de Sakfligelfliedermais (Saccopteryx bilineata), sou ze babbele wéi Puppelcher.

Tëscht 2015 an 2016 huet déi aner Co-Auterin Ahana Fernandez d’Gebabbels vun 20 klenge Fliedermais a Costa Rica a Panama opgezeechent. 3 Wochen no der Gebuert fänke si un, an hirer “Sprooch” ze schwätzen. De Fuerscherinnen no solle si immens “gespréicheg” sinn. An der Moyenne géinge si nämlech bal 1/3 vun der Zäit mat dëse Stëmmübunge verbréngen, meeschtens 7 Minutten um Stéck. Heiansdo kann d’Gebabbels esouguer bis zu 43 Minutten daueren.

Mat Hëllef vu Spektrogramme konnten d’Wëssenschaftlerinnen déi ënnerschiddlech Silben erkennen, sou d’Knörnschild. Am grousse Ganzen hu si 55.000 Silben analyséiert an eng Abberzuel Ähnlechkeete mat der mënschlecher Bëbeesproch erausfonnt.

D’Etüd gouf e Freideg an der renomméierter Fachzäitschrëft “Science” verëffentlecht.

Back to Top
CIM LOGO