
Am Para-Athletismus huet den Tom Habscheid beim Grand-Prix zu Tunis an Tunesien nom Bommstoussen och d’Kompetitioun mam Diskus gewonnen. De Lëtzebuerger huet misse géint Athleten, déi Problemer mat den Aen hunn, untrieden, hie war iwwer 10 Meter besser wéi deen Zweetplacéierten.
