Rosa Séikornischong a ronschelege Napfschleek11 nei Déierenaarten am Mier kruten offiziell Beschreiwungen an Nimm

RTL Lëtzebuerg
Eng international Fuerscherekipp huet 11 nei Déierenaarten aus de Weltmierer beschriwwen, déi elo eng éischte Kéier virgestallt goufen.
© Amanda Serpell-Stevens, Tammy Horton Julia Sigwart (Creative Commons)

Publizéiert goufen d’Beschreiwungen, bei deenen och däitsch Fuerscher bedeelegt waren, an der Fachpublikatioun “Ocean Species Discoveries” (OSD). Et handelt sech ëm wirbellos Aarten aus der ganzer Welt, déi an Déifte vu ronn 5 bis 7.081 Meter ze fanne sinn.

Eng vun de beschriwwenen Aarten ass zum Beispill eng rosa Séikornischong, op laténgesch Psychropotes buglossa. Se lieft am Atlantik a gouf schonn am Joer 1886 beschriwwen, gouf dunn awer 1975 mat 11 aneren Aarten ënner dem Numm Psychropotes longicauda zesummegefaasst. Nei DNA-Analysen hunn elo gewisen, dass et sech bei dëser Séikornischong mat der opfälleger Faarf awer ëm eng ganz eegen Aart handelt.

Da gëtt et nach e ronschelegen Napfschleek, deen op Hydrothermalquellen am déiwe Mier virkënnt. Do kann et bis zu 400 Grad Celsius waarm ginn. Eng weider Aart beschreift e klenge Kriibs, dee bis ewell just bekannt ass, well e mysteriéis Lächer um Mieresbuedem hannerléisst. D’Fuerscher hunn dësen e bësse méi laang misse beobachten a sinn um Enn op den Numm “Cunicolomaera grata” komm. Den Numm bedeit esou vill ewéi Liblingshiel a kënnt dohier, dass de Kriibs esou gär grueft.

© Amanda Serpell-Stevens, Tammy Horton, Julia Sigwart (Creative Commons)

Et gouf dann och decidéiert, dass et vun elo u méi reegelméisseg Verëffentlechungen am “Ocean Species Discoveries” (OSD) soll ginn. Dëst soll dozou bäidroen, dass d’Prozesser vum Beschreiwen an der Benennung vun neie Spezies, déi dacks Joerzéngte brauchen, méi séier ginn, wat och zum Schutz vun den Déiere soll bäidroen. Dës sinn ënner anerem wéinst dem Klimawandel an dem ville plastiks Knascht an eise Mierer menacéiert.

“Déi meescht vun de schätzungsweis zwou Millioune marinen Aarte sinn eis zwar nach onbekannt, ma och si falen dem Biodiversitéitsverloscht zum Affer”, huet den Torben Riehl vum Senckenberg Forschungsinstitut und Naturmuseum Frankfurt erkläert, “kuerz gesot, Mieresdéiere stierwen aus, nach ier se entdeckt a benannt konnte ginn.” Betraff sinn iwwerproportional vill wirbellos Organismen.

Nëmmen offiziell bekannten Aarte kommen op déi Rout Lëscht, sot nach d’Mieresfuerscherin Julia Sigwart, vun der Senckenberg Ocean Species Alliance.

Back to Top
CIM LOGO