
Béid Déiere waren als sechs Wochen al Kaze fonnt an de leschten Hierscht an den Zoo bruecht ginn, wou zanterhier no hinne gekuckt gouf. D’Rëm-Usidele vun de jonke Kuederen an der Natur gëtt vu Wëldbiologen a Veterinäre vun der “Arbeitsgemeinschaft Wildtierforschung” vun der Uni Gießen wëssenschaftlech begleet. D’Déiere kruten deemno GPS-Halsbänner, fir d’Fräiloosse vu wëlle Kazen, déi am Zoo opgewuess sinn, z’iwwerwaachen an z’analyséieren. D’Beweegunge wäerte vun de Wëssenschaftler vun der Universitéit duerch Lokalisatiounsdonnéeë registréiert an analyséiert.
Als Preparatioun op d’Fräiloossen an d’Natur koumen d’Déieren an en Iwwergangspark vum Bëschamt Weilrod am Taunus. Do gouf dann all Kontakt mat Mënschen evitéiert, deen iwwert e Fidderen erausgeet. D’Kazen hunn do d’Méiglechkeet, aus dem Park ze goen an d’Bëscher an der Géigend z’entdecken.
Um Ufank kréie se nach Fudder dohi gestallt, bis si geléiert hunn, selwer op d’Juegd ze goen. Bei fréieren Auswëlderunge vun där Aart hätt sech awer gewisen, datt wëll Kaze sech a fräier Natur séier selwer ernäre kënnen, well d’Déieren no kuerzer Zäit net méi zréckkomm sinn, fir ze friessen.
Wëll Kazen zielen zu de geschützten Aarten an dierfen net aus hirem natierleche Liewensraum geholl ginn. Leider geschitt et dacks, datt d’Leit mengen, datt Klenger verlooss wieren, obwuel d’Mamm nëmme kuerz op Juegd ass oder souguer an der Géigend ass.