Menacéiert DéierenaartenAm Zoo zu Amnéville gouf et nawell vill Nowuess

RTL Lëtzebuerg
D'Famill am Zoo zu Amnéville huet sech net ze knapps vergréissert. De Mount Juni war ee ganz Nowuess-räichen.
© Zoo Amnéville

Besonnesch bei deenen Aarten, déi scho menacéiert sinn, koume vill Klenger op d’Welt. An de leschten 12 Méint goufen zum Beispill dräi Palmgeier am Zoo gebuer. Dës Geier-Spezies, déi an der afrikanescher Subsahara heemesch ass, ernäert sech haaptsächlech vu Friichten a virun allem vu Palmnëss.

© Zoo Amnéville

Frou ass ee bei der Zoo-Ekipp och iwwert den Nowuess beim Brahme-Milan, och hellege Milan genannt, déi a Bëscher a Südasien doheem sinn. Bleiwe mer an der Welt vun de Vullen: och d’Famill vun de Storchen, Schwaarze Milanen, dem Waldrapp (eng Ibis-Aart) an de sougenannte Südlechen Hornrabe (markante Vull ouni Plommen a sengem orange Gesiicht an Hals) huet sech vergréissert.

© Zoo Amnéville

Am Trope-Vivarium koume sechs Kinnekspythonen op d’Welt, déi de Moment nach an der Couvreuse wuessen dierfe bis se eng Gréisst tëscht 1 an 1,50 Meter erreecht hunn. Dës Schlaangenaart steet zwar net op der Rouder Lëscht vun de menacéierten Déieren, ma all Joer ginn ongeféier 30.000 bis 50.000 wëll Kinnekspythone gefaangen a fir d’Alimentatioun oder an der Lieder-Industrie verschafft.

© Zoo Amnéville

Bei de Liszt-Afen, déi eréischt ganz rezent an den Zoo zu Amnéville geplënnert sinn an op der lëscht vun de besonnesch menacéierte Primate stinn, gouf et Nowuess. Et geet een dovun aus, dass et an der fräier Natur just nach manner wéi 7.500 Liszt-Afe ginn. Säin natierleche Liewensraum gëtt ëmmer méi duerch Landwirtschaft oder Industrien zerstéiert, wat d’Haaptschold um Ausstierwen ass. Ëmsou méi ass d’Gebuert am franséischen Zoo eng grouss Hoffnung.

© Zoo Amnéville

En aneren Highlight ass den Nowuess bei de Wäissen Nashörner. Am Wanter 2020 gouf festgestallt, dass vun de véier Weibercher der dräi géifen eppes Klenges erwaarden. De Mosl koum dunn och am Oktober d’lescht Joer op d’Welt, d’Cera am Januar dëst Joer an de Patchi am Februar. Si stamen all vum selwechte Papp Benny of.

Eng weider Gebuert, déi mat vill Freed erwaart gi ass, war bei den Orang-Utanen. Dat 17 Joer aalt Weibche Putri krut am Januar dëst Joer de klenge Pulco a vergréissert domat de Grupp, deen nach aus zwee weidere Männercher, dem 21 Joer ale Ludi an dem 9 Joer ale D’wi, besteet.

© Zoo Amnéville

PDF: Schreiwes vum Zoo Amnéville

Back to Top
CIM LOGO