
Fuerscherinne vun der University of California hunn Opname vu 45 doudege Leoparden an 112 Léiwe genau ënnert d’Lupp geholl. Dobäi hunn d’Paula White an d’Blaire Van Valkenburgh Spueren un den Zänn entdeckt, déi drop hindeiten, datt d’Déiere versicht hunn, sech aus Falen ze befreien. Donieft goufe bei ville Léiwen a Leoparden Iwwerreschter vu Patroune fonnt. Bei 37% vun de männleche Léiwen an 22% vun de männleche Leoparden aus zwee ënnerschiddlechen Naturschutzgebitter ass een op Blessure gestouss, déi duerch Drotfale verursaacht goufen. Dës Fale ginn heefeg vu Braconniere verdeelt.
Dës Zuele goufen an der Etüd “Low-Cost Forensics Reveal High Rates of Non-lethal Snaring and Shotgun Injuries in Zambia’s Large Carnivores” opgelëscht, déi en Donneschdeg am Fachmagasinn „Frontiers in Conservation Science” verëffentlecht gouf. Hei muss allerdéngs drop verwise ginn, dass d’Daten aus de Joren 2000 bis 2012 stamen a mëttlerweil variéiere kéinten.
Well Blessuren hiren Alldag beanträchtegen, fuerderen d’Wëssenschaftlerinnen aus Kalifornien, datt net just d’Doudesfäll, ma och net-déidlech Blessure mat abezu ginn an d’Berechnungen iwwert den Impakt vu mënschlechen Aktivitéiten op de Bestand vu wëllen Déieren.