
Ob Grouss oder Kleng: besonnesch ëm d’Ouschterzäit gëtt gäre Schockela geschneekt. A ville Wunnenge leie Schockelashuesen oder Ouschtereeër ronderëm. Och wann dës Séissegkeet de Mënsche gutt schmaacht, dierf een net vergiessen, dass se dem Mupp schuede kann. Hënn hunn nämlech e ganz anere Stoffwiessel wéi d’Mënschen. Eleng eng kleng Quantitéit Schockela kann toxesch wierken. Muppe bauen den Inhaltsstoff Theobromin nämlech ganz lues of.
Jee nodeem, wéi grouss, respektiv kleng den Hond ass, a wéi eng Zort Schockela en zou sech geholl huet, kënnen d’Vergëftungserscheinungen ënnerschiddlech intensiv optrieden. Mëllechschockela a wäisse Schockela hunn am Géigesaz zu schwaarzem Schockela e méi geréngen Undeel un Theobromin. Als Fauschtreegel kann ee sech deemno mierken: Wat de Schockela méi donkel ass, wat e méi toxesch wierkt.
D’Symptomer, déi optrieden, wann en Hond Schockela gefriess huet, kënnen ënnerschiddlech sinn: vun Duerchfall, briechen, Häerzrhythmusstéierungen, zidderen, Krämp bis Problemer mat der Ootmung. Meeschtens trieden d’Symptomer an den éischten 12 Stonnen op.
Konnt de Véierbeener net widderstoen an huet e Schockelashues oder eng Partie Eeër gefrupst, muss séier gehandelt ginn. Huet e Schockela mat engem héijen Undeel Theobromin verschlongen, gëtt recommandéiert, direkt e Veterinär ze kontaktéieren. Fir dass et net sou wäit kënnt, ass et sënnvoll, d’Séissegkeeten enzwousch ze lageren, wou d’Fellnues net dru kënnt.