
Am mexikanesche Bundesstaat Tabasco sollen d’Temperaturen dës Woch nach op iwwer 45 Grad klammen. Am tropesche Südoste vum Land melle lokal Medie bis zu 85 Déieren, déi am Kader vun der Hëtztwell schonn dout aus de Beem gefall solle sinn. Engem Bericht vu Reuters no confirméieren déi lokal Autoritéiten den Trend, ouni awer genee Zuelen zu den doudege Brëllafen ze nennen.

D’Zivilprotektioun vum Bundesstaat huet d’Doudesfäll bei den Afe mat Dehydratioun begrënnt. De mexikanesche Ëmweltministère huet nach eng Rei weider méiglech Grënn fir de Phenomen genannt, déi elo missten ënnersicht ginn: Vun Hëtzschlag, iwwer Ënnerernärung bis hin zu chemesche Planzeschutzmëttel.
Fir weideren Doudesfäll bei de Brëllafen entgéintzewierken, géif déi lokal Populatioun den Déieren Eemer Waasser a Friichten dohi stellen an d’Kierper vun de verstuerwenen Déieren asammelen, heescht et bei Reuters.
Och de mexikanesche President Andres Manuel Lopez Obrador, dee selwer aus dem Bundesstaat Tabasco kënnt, huet sech schonn zu den Doudesfäll bei de Brëllafe geäussert: “Et ass, well d’Hëtzt esou staark ass. Ech hunn d’Staate schonn eng laang Zäit besicht an ech hunn et nach ni esou staark gefillt, ewéi elo”, sot hien am Kader vun enger Pressekonferenz.
D’Zuel vun de Mantelbrëllafen, déi hei an der Regioun verbreet sinn, geet erof. Zanter 2015 gëtt d’Aart op der “Rouder Lëscht” vun der International Union for Conservation of Nature (IUCN) als vulnerabel agestuuft.
Tëscht dem 17. Mäerz an dem 11. Mee sinn dem mexikanesche Staatsministère no och 26 Mënschen un der Hëtzt gestuerwen.