
Am Wollefspark Werner Freund zu Merzig wëlle si de Leit weisen, datt de Wollef kee Monster ass. D’Direktesch vum Park, d’Tatjana Schneider huet schonn iwwer 20 Joer hiert Verhalen observéiert a si konnt esou hir Konklusiounen doraus zéien. Ënnerstëtzt gëtt si ënner anerem vum Wollefsexpert Michael Schönberger. Allebéid gi si vun de verschiddene Wollefsfamilljen am Park akzeptéiert. Eppes, wat net selbstverständlech ass an och net vun Dauer muss sinn. De Schlëssel fir déi positiv Entwécklung ass de Respekt. Do dernieft ass et och wichteg, datt de Wollef vu Klengem u léiert, datt e sech op si zwee verloosse kann. Wa si bei d’Wollefsfamillje ginn, dann hu si keng Angscht. An enger gesonder Famill brauch een dat nämlech net ze hunn, esou de Michael Schönberger. Natierlech kucke si fir d’éischt, wéi d’Ambiance an der respektiver Famill ass, éier si bei si ginn. Et ass wichteg, och fir si, op d’Kierpersprooch vun dësen Déieren opzepassen, wéi zum Beispill, ob se grad gestresst sinn.
D’Tatjana Schneider an de Michael Schönberger beschreiwen de Wollef allebéid als e ganz soziaalt an intelligent Déier, dat versicht, fir Problemer eng Léisung ze fannen. D’Familljeliewen huet vill Parallellen zu dem Fonctionnement vun de Famillje bei de Mënschen. Natierlech ginn et Wëllef, déi méi intelligent si wéi anerer an et ginn der, déi méi introvertéiert sinn. Anerer kéint een an d’Kategorie vun den Dropgänger zielen.
Wann een elo e Wollef am Bësch begéint, da soll een dovunner ausgoen, datt deen e scho laang entdeckt huet. De Wollef versicht dem Mënsch aus dem Wee ze goen. E jonke Wollef bleift vläicht emol aus Virwëtz um Wee stoen. Am Prinzip kënnt de Wollef net einfach esou op een duergelaf, fir een ze bäissen, de Mënsch steet nämlech net op sengem Menü. Wichteg ass, wann ee mat sengem Hond duerch de Bësch spadséiere geet, datt deen entweder un der Léngt ass oder op d’Wuert follegt, direkt bei säi Meeschter gelaf kënnt, wann deen e rifft an och net wéi wëll billt. Am Beschte soll een de Mupp bei sou enger Renconter niewent oder nach besser hannert sech hunn. De Wollef weit och ëmmer bei all Situatioun säi Risiko of an e weess, datt e bei engem Ugrëff onnéideg Energie verléiert, vläicht esouguer verletzt gëtt oder eventuell stierwe kann. D’Tatjana Schneider ass kee Frënd dovunner, fir sech grouss ze maachen an ze jäizen, fir esou de Wollef ze verdreiwen. Et soll een e beobachten a roueg bleiwen. Eppes, vun deem d’Direktesch vum Park komplett ofréit, ass, de Wëllef ze friessen ze ginn. Deen Ament géing ee si un de Mënsch gewinnen an e géing léieren, datt et normal ass, vum Mënsch Fudder ze kréien. Am Normalfall lieft de Wollef a senger Welt an huet näischt mat onser Welt ze dinn. An dat sollt een och esou beloossen, et sollt een en einfach mat Rou loossen, huet och de Michael Schönberger betount. Een, deen Déieren huet, wéi e Schéifer zum Beispill, dee muss sech méi Gedanke maachen, fir d’Schof virun dem Wollef ze schützen. En elektreschen Drot oder en Drot, wou Géigestänn duerch de Wand Kaméidi maachen, hëllefe scho vill, fir de Wollef ofzeschrecken. Sécherlech misst een déi Moossnamen ëmmer mol adaptéieren. Eng total Sécherheet gëtt et net, dofir sinn déi zwee Wollefsexperten der Meenung, datt d’Schéifer dowéinst finanziell missten ënnerstëtzt ginn.
De Wollef soll net verdäiwelt ginn, awer och net ugehimmelt ginn. D’Virurteeler géintiwwer vun dësem Déier hunn hiren Ursprong an de Märercher, well déi falsch interpretéiert gi sinn, erkläert de Michael Schönberger weider. Iwwer 150 Joer war dëst Raubdéier an eise Géigenden net méi present gewiescht. Et feelt den Ament nach un Informatiounen an der Gesellschaft, fir e besser verstoen ze kënnen. Mir Mënsche kënnen och nach vill vum Wollef léieren.