Hënn gëllen net nëmmen als beschte Frënd vum Mënsch, well ee vill schéin Erfarunge mateneen deelt, mä si stinn engem och an den däischtersten Zäiten zur Säit. Wéi vill Kraaft, Hoffnung an Zouversiicht e Mupp sengem Meeschter ka ginn, dat huet eis den Dan J. an engem Gespréich erzielt.
Zanter 4 Joer leit hien ënner Depressiounen. Ugefaangen huet dat Ganzt mat Drock am Kapp a Stresssituatiounen. Mat der Zäit koumen ëmmer méi heefeg Angschtzoustänn a Panikattacken dobäi. Obwuel hien e Mënsch war, dee gär ënner Leit gaangen ass, huet hie sech ëmmer méi zeréckgezunn. Och Butteker oder kleng Raim wéi Bensinsstatiounen huet hie versicht z’evitéieren. Vu grousse Mënschemasse guer net ze schwätzen. Alldeeglech Aufgabe sinn him op eemol wéi eng Herkulesaufgab virkomm. Datt hien ënner Depressioune leide géing, wosst hien net vun Ufank un. Et war e schläichende Prozess, bis op eemol de Mann mam Hummer komm ass, sou den Dan J. Eréischt no enger Partie medezinesche Consultatiounen a Recherchë gouf him bewosst, datt et Depressioune wieren. Zwar hat hie sech Hëllef bei Doktere gesicht, awer wien him nees op d’Spréng gehollef huet, war ee ganz aneren... nämlech de Pongo.

Den Dan J. war schonn ëmmer en Déierefrënd, ma virun allem Dackelen hu säin Häerz méi séier schloe gelooss. 15 Joer laang war den Dackel Bodo säin treie Begleeder. No sengem Doud wollt hien u sech keen Hond méi... An do koume seng Partnerin a seng Mamm an d’Spill. Enges Daags hu si hie mat engem 4 Méint alen Dackel iwwerrascht, dee säi Liewe vun engem op deen aneren Dag komplett op d’Kopp gehäit huet. An dat am positive Sënn. Wéi hie säin neit Hausdéier bis gesinn hat, konnt hien eng éischte Kéier zanter laanger Zäit alles ronderëm vergiessen. Wéi wann den Heelungsprozess duerch dës Begéinung ëm ee gudde Krack acceleréiert gi wier. A mat dësem Gefill louch hie guer net mol sou falsch.

Mam Pongo u senger Säit huet hien nees an den Alldag zeréckfonnt. Dee klenge Véierbeener huet him gehollef, besser mat Stresssituatiounen eens ze ginn an d’Ängschte besser an de Grëff ze kréien. D’Verantwortung, déi en Hausdéier mat sech bréngt, huet hien ni iwwerfuerdert, mä him dobäi gehollef, nees méi Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Vun engem Moment op deen anere misst hien nämlech fir e weidert Liewewiese suergen. A Langweil kënnt mam Energie-Bëndel Pongo net an d’Haus. Hie motivéiert säi Meeschter ëmmer nees, sech ze beweegen, mat him Strecken trëppelen ze goen, un déi sech den Dan J. an der Zäit ouni Mupp net erugetraut hätt. Och dat soziaalt Liewe vu sengem Meeschter huet hien nees ugekuerbelt. Net nëmme koum den Dan J. duerch säin Hond nees méi a Kontakt mat Leit a sengem Duerf, ma och Butteker si mëttlerweil kee Problem méi fir hien. An do dierf säin treie Begleeder net feelen. Esouguer wärend Impfunge steet de Pongo him zur Säit.

Zanter véier Joer kämpft den Dan J. géint d’Depressiounen. Iwwert ee Joer sinn den Dackel a säi Meeschter mëttlerweil en onzertrennlecht Team. Depressioune verschwannen net vun haut op muer. Et ass e laangen Heelungsprozess, deen alles anescht wéi einfach ass a vill Kraaft a Versteesdemech erfuerdert. Fir déi verschidde Forme vun Depressioune ginn et eng jett Therapien an net all Mënsch reagéiert d’selwecht op déi jeeweileg Behandlung. Mam Pongo huet den Dan J. säin Therapiehond fonnt. Zwar ass de Véierbeener keen zertifiéierten Therapiehond, awer en huet dat bewierkt, wat sech säi Meeschter wärend laanger Zäit gewënscht huet: nees Fouss ze faassen am Liewen. A wie weess, vläicht kënnt de Pongo an Zukunft méi heefeg als Therapiehond an den Asaz an hëlleft Leit, déi Änleches erlieft hunn.