Zanter zwee Joer ass d’Funny den treien Assistent vun der Schoulmeeschtesch Chantal Thinnes. Ma och hir Schüler wëlle sech en Unterrecht komplett ouni Hond net méi virstellen. Ee Mol an der Woch ass nämlech de 6 Joer ale Labrador am Asaz an der Primärschoul zu Berbuerg. Wie mengt, dass dat d’Schüler komplett aus dem Konzept geheit oder just Heemelen a Spillen um Programm steet, deen iert sech!
Den Aufgabeberäich vun engem Schoulhond ass breetgefächert, vu Virliese bis hin zu Wierfelspiller kann d’Fellnues a villen Hisiichten aktiv an den Unterrecht mat agebonne ginn. Fir d’Chantal war et wichteg, déi emotional a sozial Kompetenze vun de Kanner ze trainéieren, un hirer Onsécherheet ze schaffen an e bessert Klasseklima hierzestellen. Dofir huet d’Enseignante decidéiert, fir mam Schoulhond esou ze schaffen, dass Kanner mat him zesummen Übunge maachen. D’Chantal mécht d’Übungen eng Kéier vir, dann ass et un de Kanner, fir Kommandoe wéi “Patt” oder “Bleif” mat der Fellnues ze trainéieren. Si huet sech bewosst dofir entscheet, “well et ass extrem schéin, fir d’Entwécklung vun de Kanner ze gesinn an dat Selbstbewosstsinn, dat si einfach op eemol hunn. (...) Si sinn och selwer iwwert sech erstaunt, wa si da gesinn, OK, hatt mécht elo wierklech dat, wat ech gär gehat hätt! Dat ass meng Leeschtung!”
Wéi kann ee sech d’Entwécklung also virstellen, déi d’Kanner duerch de Schoulmupp gemaach hunn? “Et kann ee soen, vu ganz schei op vill méi kéng”, erkläert d’Léierin. Heiansdo huet een och mol Tréinen an den Aen, wann een un déi schéi Momenter zeréckdenkt, verréit si. Un ee Schüler erënnert si sech besonnesch gär: “Dat war lescht Schouljoer. Am Grupp war ee Jong, dee wierklech schoulesch bësse Schwieregkeeten huet a wou ee mierkt, dat Kand huet och net vill Selbstbewosstsinn (...) An deen huet awer duerch d’Funny e Selbstbewosstsinn opgebaut, wat einfach enorm war, an d’Funny huet och extrem gutt op hie reagéiert, well soubal wéi hie komm ass (...) hat hatt eng ganz aner Haltung.”

Net nëmmen op d’Kanner huet d’Funny e positiven Afloss, och op d’Enseignante selwer. “Ech kann elo net behaapten, ech géing elo léiwer an d’Schoul kommen, well ech komme souwisou gären an d’Schoul (...) Ech freeë mech awer all Dënschdeg en Tick méi, well wann ech um Parking ukommen an den Hond hanne scho quiitscht a mech duerch den Haff rappt... Déi aner soen ëmmer: ‘Jo mir hunn dech gesinn erafléien an d’Schoul!’ Dat ass einfach schéin.” Donieft huet sech och d’Bindung tëscht Hond a Meeschtesch an de leschte Jore verännert. Virun allem duerch d’Formatioun sti sech béid elo nach vill méi no. Virop léiert een den Hond an der néng Méint laanger Formatioun liesen, wëll soen, d’Kierpersprooch vum Hond léieren ze verstoen. Wéini huet e Stress? Wéini huet e Panik an Angscht? An deementspriechend drop ze reagéieren. Et ass wichteg, d’Kommunikatioun tëscht zwee Hënn ze verstoen a gläichzäiteg d’Kommunikatioun Hond-Mënsch, Mënsch-Hond ze léieren an ze fërderen.
Vun engem Dag op deen aneren e Schoulhond mat an de Cours huelen, geet natierlech net. Wärend sechs Woche goufen d’Kanner op d’Kenneléiere virbereet. Als éischt gouf sech global mam Thema Hond a senge Bedierfnesser auserneegesat. An engem zweete Schratt goufen déi Kleng méi iwwert d’Funny gewuer. Si krute bäibruecht, wat d’Funny gär huet an net ausstoe kann. Vum Unterrecht oflenke mécht d’Funny net, betount d’Chantal Thinnes. Éischter de Géigendeel ass de Fall: hatt berouegt d’Kanner. Ass et am Cours zum Beispill mol ze haart, reagéieren d’Schüler relativ séier a motivéiere sech géigesäiteg, méi roueg ze sinn, fir dem Hond entgéintzekommen.
Unterrecht kann net nëmme fir d’Schüler ustrengend sinn, mä och fir e Schoulhond. Dofir ass et wichteg, den Hond net ze iwwerfuerderen. Fir d’Funny stinn dowéinst just zwou Schaffstonnen d’Woch um Programm. “Et soll een u sech relativ lues maachen, douce maachen. Et ass net, fir den Hond all Dag matzehuelen, well domadder kann een den Hond iwwerfuerderen. En Hond kann esouguer e Burnout kréien, well en einfach alles ronderëm sech opsuckelt, egal wat fir eng Emotiounen et sinn. An och de Kaméidi... et suckelt alles op. An deementspriechend ass et herno wierklech midd.” Gëtt et dem Funny mol ze vill an et wëll zur Rou kommen, kann et sech an eng speziell Box zeréckzéien. An da wëssen d’Kanner direkt, dass de Mupp deen Ament tabu ass. Si dierfen d’Déierchen also net uschwätzen, upaken oder an d’Box krabbelen.
Ufanks sollt d’Funny e ganz normale Familljenhond sinn. Séier huet säin doucen, rouege Charakter, wéi och säin Drang, vill a séier ze léieren, d’Joffer iwwerzeegt, den Challenge unzehuelen, e Schoulmupp aus him ze maachen. Eng Entscheedung, déi d’Chantal nach keen eenzegen Dag bereit huet. Hir gemeinsam Aarbecht huet esouguer aner Enseignantë motivéiert, de selwechte Schratt ze goen a sech e Schoulmupp zouzeleeën.