Wat e Schäiss...Den Hondskéipche leie loossen, ka richteg deier ginn

RTL Lëtzebuerg
Wou muss een de Kéipchen oprafen? Souwuel fir den ëffentleche Raum wéi fir Felder a Wise ginn et Reegelen. Déi eng méi, déi aner manner offiziell.
© Shutterstock

Et geet een en Tour spadséieren, kuerz mol net op de Buedem gekuckt a schonn ass et geschitt: Et huet ee Schäiss um Schong. An dat wuertwiertlech. Egal ob selwer Hondsbesëtzer oder net, dëst wäert deene meeschten an hirem Liewen op d’mannst eng Kéier scho geschitt sinn.

Natierlech muss den Hond och säi Geschäft kënne verriichten. Mee dann ass et och um Besëtzer, de Kéipchen opzehiewen an ze entsuergen. Dat gëllt op alle Fall am ëffentleche Raum. An deene meeschte Gemengereglementer steet, dass d’Hondsbesëtzer vermeide mussen, den ëffentleche Raum ze verschmotzen. “Ils sont tenus d’enlever les excréments”. Et muss een d’Hannerloossenschafte vu sengem Hond also besäitegen. Ma och wann d’Kéipercher zemools um Trëttoir opfalen a stéieren, gëllt dës Reegel och fir d’Strooss, d’Spillplazen an ëffentlech Wisen, souwéi a Parken.

Léisst een de Kéipche vum Hond am ëffentleche Raum leien an et gëtt een dobäi erwëscht, ass dat keng Freed fir de Portmonni. Eng eenzeg “Tellerminn” kann nämlech scho 25 Euro kaschten an dat ass nach wéineg. D’Strof ka bis op 250 Euro klammen, deemno wéi schlëmm de Schuet ass.

Dobäi huet een an deene meeschte grousse Gemengen hautdesdaags kee Grond méi dem Hond säi Geschäft net opzerafen. Distributeure mat gratis Kacka-Tute gesäit een nämlech ëmmer méi. Eleng an der Stad Lëtzebuerg ginn et ronn 400 esou Spenderen a knapp 3.500 Poubellen. Do ass de Wee bei déi nächst Poubelle dacks net wäit.

Gudden Dünger fir d’Natur oder och am Bësch a Feld oprafen?

De Kacka vum Hond um Feld leie loossen ass en No-Go. Ëmmer rëm hu Baueren drop opmierksam gemaach, d’Hannerloossenschafte vum Hond och um Feld opzerafen. Wie mengt, dat wier dach e gudden Dünger a géif kee stéieren, ass am Feeler. Zemools op Wisen, wou de Summer iwwer Kéi grasen oder Weess steet, kënnen Hondsexkrementer immens schiedlech sinn. D’Kéi kënnen dovu krank ginn an souguer Feelgebuerten hunn. Mécht de Bauer d’Recolte um Feld an do ass Schissi dran, kann dat d’Recolte verknaschten. Dofir och säitens der Landwirtschaft ëmmer rëm den Opruff: Raaft den Hondsdreck op.

Am Bësch stéieren d’Hannerloossenschafte vum Hond net esou vill, soulaang dës net matten um Trëppelwee leien. Oprafe muss een hei net. “Och Wëlldéieren hannerloossen hiert Geschäft am Bësch. Do muss een den Hondskéipchen net oprafen”, sou d’Naturverwaltung. Deemno kann een do mol driwwer ewechkucken an och net extra nees eng Plastikstut verschwenden.

DNA-Prouwe fir de Kacka-Problem ze léisen?

An der israelescher Stad Tel Aviv ass de Problem mat den Hondskéipecher esou grouss ginn, dass eng nei Léisung gesicht gouf. Zënter e puer Méint mussen Hondsbesëtzer eng DNA-Prouf vun hirem Hond ofginn. Bleift de Muppekoup dann am ëffentleche Raum leien, gi vun de Kontrolleure Prouwe geholl a mat der Datebank verglach. Dëst ka fir de Besëtzer da richteg deier ginn, well de Besëtzer och d’Käschte vun der Prouf bezuele muss. A bëlleg war et virdrun och schonn net. Ronn 190 Euro huet et de Besëtzer kascht, wann en d’Geschäft vu sengem Hond net opgeraf huet.

Esou wäit ass et zu Lëtzebuerg nach net.

Back to Top
CIM LOGO