En Dënschdeg gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume offiziell zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc. Si soe sech allebéid prett a frou fir dat, wat kënnt.

De Grand-Duc Henri an de Prënz Guillaume stoungen RTL an dem Radio 100,7 am Virfeld vun der Vereedegung vum Ierfgroussherzog als Lieutenant-Représentant an der Chamber Ried an Äntwert. Den Zäitpunkt wier komm, fir dem Ierfgroussherzog vill méi Responsabilitéit ze ginn a selwer de Fouss vum Gas huelen, sou de Grand-Duc, deen elo quasi op den Dag 24 Joer un der Spëtzt vum Land steet a sech manifestement freet op dat, wat duerno kënnt.

Den Zäitpunkt fir d'Transitioun um Haff anzelauden hätt een zanter Joren am enke Familljekrees geplangt. Baussent den zwou betraffene Koppele wier just de Premier virun der Annonce op Nationalfeierdag informéiert gewiescht. D'Lieutenance géif net nëmmen dem Ierfgroussherzog d'Méiglechkeet ginn, sech nach méi anzeschaffen, ma géif och d'Vollek op den neie Staatschef astëmmen. Dës Lëtzebuerger Eegenaart - de Grand-Duché ass dat eenzegt Land, wou et de Prinzip vun der Lieutenance um Niveau vun der Monarchie gëtt - wier deemno eng ganz gutt Saach, fënnt de Grand-Duc Henri.

Keng zwee Grand-Ducen

Ganz konkret dierft de Prënz Guillaume vun elo un als Lieutenant-Représentant, am Numm vum Grand-Duc, Arrêtéen ënnerschreiwen a sech ëm d'Akkreditatioune vun den Ambassadeure këmmeren. Säi Posten am Staatsrot gëtt hien awer op. D'Staatsvisitten a grouss Evenementer bleiwe weiderhin am Aufgabeberäich vum Grand-Duc Henri. Hie géif bis den Trounwiessel och de Staatschef bleiwen. Zwee Grand-Ducen niefteneen kéint et net ginn. D’Wirtschaftsmissiounen dogéint ginn, wéi elo och schonn, weider vum Ierfgroussherzog Guillaume assuréiert. 

"Extrem schockéiert" iwwert d'Caritas-Affär

Déi groussherzoglech Famill seet sech "extrem schockéiert", datt esou ee Skandal zu Lëtzebuerg geschéie konnt. Et wier eng Katastroph, datt all déi Millioune bei der Caritas geklaut goufen. D'Detournementsaffär géif leider och e schlecht Liicht op dee ganze Secteur geheien. E Secteur, deen awer onbedéngt op d'Vertraue vun den Donateuren ugewisen wier. De Grand-Duc Henri hofft eegenen Aussoen no, datt d'Caritas-Mataarbechter hir Aarbecht hei am Land weiderfuere kënnen an, datt och nach Léisunge fir d'Projeten am Ausland kënne fonnt ginn.

Prënz Guillaume: Engagéierte Familljepapp

Moies mam Prënz Charel an d'Spillschoul, owes d'Kanner an d'Bett bréngen. Den Ierfgroussherzog Guillaume hält drop, dat selwer ze maachen. D'Familljeliewe mat de beruffleche Verflichtungen ënner een Hutt ze bréngen, sinn him wichteg. Grad wéi, datt d'Prënzekanner d'Méiglechkeet kréien, an engem familiäre Kader grouss ze ginn.

D'Famill wëll dowéinst eng sougenannten Dependance nieft dem Schlass Bierg bauen. En nohaltegt Familljenhaus, am klassesche Stil gehalen, fir an de Kader ze passen. Finanzéiert mat eegene Mëttel vun der Famill. De Projet ass an der Prozedur, no der néideger Upassung vum PAG. D'Schlass Bierg wier einfach ze grouss, ouni Privatsphär an net familljefrëndlech. En Ëmbau wier an deem Sënn net nëmme ganz deier, mä bal onméiglech gewiescht, sou de Prënz Guillaume. De Grand-Duc Henri a seng Fra Maria-Theresa plënneren nom Trounwiessel, sou wéi d'Traditioun et wëll, zréck op Fëschbech. D'Schlass zu Colmer-Bierg dogéint soll fir offiziell Evenementer genotzt ginn an nach méi fir de Public opgoen.

Den Datum vum Trounwiessel bleift weider e Geheimnis

Wéini de Grand-Duc Henri zugonschte vu sengem eelste Fils wierklech ofdankt, do léisst sech déi groussherzoglech Famill weiderhin net an d'Kaarte kucken. Hie selwer war zwee an en halleft Joer ënnert dem Grand-Duc Jean tëscht 1998 an 2000 Lieutenant-Représentant. Och dës Kéier soll et eng relativ kuerz Transitiounsphas ginn. Méi gouf am Interview net verroden.

Den enke Beroderkrees um Haff ass en vue vum Trounwiessel schonn amgaangen, ausgetosch ze ginn, fir, datt den neie Grand-Duc duerno mat enger fonkelneier Ekipp schaffe kéint. Dat géif een awer och an enger doucer Transitioun maachen, betount de Prënz Guillaume. Et gëtt wuel schonn eng Lëscht mat Nimm, mä wien neien Hofmarschall gëtt, ass bis elo och nach decidéiert.

"Wann d'Leit d'Monarchie net méi wëllen, da maache mer aner Saachen"

Et géif een e groussen Attachement empfannen, am Ëmgang mat de Leit, awer natierlech och d'Kriticken héiere géintiwwer der Monarchie. An dat wier och nëmmen normal, soten d'Vertrieder vun der groussherzoglecher Famill am Interview. De Grand-Duc ass formell: Wann d'Leit en anere System, eng Republik wéilten, da géif een dat ouni Problem acceptéieren. E Referendum iwwert d'Monarchie géif een dowéinst "absolut net" fäerten. Dat wier de Choix vun de Leit. Hien hätt seng Funktioun ëmmer als Service gesinn, sou de Staatschef. Wann d’Leit eppes aneres wéi d'Monarchie wéilten, da géife si eben aner Saache maachen.
 
An deem Sënn freet sech de Grand-Duc och schonn "enorm", zesumme mat senger Fra Maria-Theresa, op seng Pensioun. Fir eng gewësse Fräiheet erëmzefannen an der Hoffnung och méi en "normaalt Liewen" ze féieren. Dofir géif een zum Deel och an d'Ausland goen. 2020 hat déi groussherzoglech Koppel en Appartement zu Biarritz kaf.

Vu 14.45 Auer u si mir live (Tëlee, Ticker a Stream) dobäi, wann den Ierfgroussherzog zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Henri ernannt gëtt.