Dofir gëtt och all eenzele Pinguin, sou gutt wéi et geet, dokumentéiert. Pinguine si méi einfach ze zielen, well si fir ze bréien u Land kommen. Zuelen, déi engem dobäi hëllefen sollen, de Klimawandel speziell an dëser Regioun besser ze verstoen.
De Fuerscher Michael Wethington:
“D’Pinguine sinn e gudde Bio-Indicateur dofir, wéi de ganzen Ökosystem schafft. Si komme gewéinlech op déi selwecht Plazen zréck, fir hir Näschter ze bauen. Ëmmer nees, Joer fir Joer. Dat ass e ganz zouverlässegt Zeechen dofir, wéi vill Pinguine vun engem Joer op dat anert do sinn a wéi eng Auswierkung dat huet op déi nächst Joerzéngten a souguer méi laang.”
Et gräift een nieft der manueller Method vum Zielen awer och op Satellitten an Dronebiller zréck. Esou entsteet dann e koherent Bild, fir ze gesinn wéi sech d’Populatioun vun de Pinguine mam Klimawandel ännert.
“A genee op deene Plazen, op deenen d’Äis am séierste schmëlzt, gesi mer, dass d’Populatioun vun de Pinguinen och deementspriechend ofhëlt.”
Interessant fir d’Fuerscher si virun allem d’Adelie-Pinguinen, déi am Weddell-Mier liewen, eng Regioun, déi am Verglach mat aneren an der Antarktis, sech méi lues erhëtzt. D’Zuel vun den Adelie-Pinguinen ass am westlechen Deel vum Kontinent erofgaangen, well do d’ Äerderwiermung och méi séier evoluéiert ass. Am ëstlechen Deel ass dat anescht.
DLouisa Carsen vu Greenpeace: “D’Fuerscher hunn erausfonnt, dass hei d’Populatioun vun de Pinguine relativ konstant bleift. Dat ass e gutt Zeechen a weist och, wéi wichteg et ass, dass d’Regierungen dréngend handelen. Nëmmen esou bleiwen eis dës gesond Pinguinen erhalen. An och nëmmen esou kënne mer sécher sinn, dass se net ënnert dem Iwwerfëschen leiden.”
Um Enn hunn d’Fuerscher Date vun 21 Plazen gesammelt. Et ass een zur Konklusioun komm, dass d’Populatioun vun de Pinguinen am leschte Joerzéngt konstant bliwwen ass. Deemno eng gutt Nouvelle fir déi schwaarz-wäiss Déieren aus dem Süden an eng kleng Hoffnung fir dës Regioun, dass d’Äis do manner séier schmëlzt.