
Esou eng Nouvelle op engem 1. Abrëll kéint een u sech fir e Geck halen, ma et handelt sech effektiv net ëm een Abrëllsgeck. Fësch, an dësem Fall Pijen a Stachelrochen, kënnen tatsächlech addéieren a subtrahéieren.
D’Bonner Zoologin Vera Schlüssel seet, dass béid Fëschaarten eng Virléift fir Zuelen hunn. Bei der Etüd hunn d’Déiere missen en Ausgangswäert ëm 1 erhéijen oder ofrechnen. Benotzt goufen dobäi Methode fir mathematesch Fäegkeeten ze préiwen, wéi se och scho bei aneren Déierenaarten ugewannt goufen.
De Fësch gouf eng Usammlung vu geometresche Formen, wéi 4 Quadrater gewisen. Wa se blo gefierft waren, huet dat geheescht 1 dobäirechnen, giel Quadrater hunn ofrechne bedeit. Duerno wieren d’Aufgaben ausgeblent ginn an d’Déiere kruten nei Biller gewisen - eent mat 5 an eent mat 3 Quadrater. Si se bei dat richtegt Bild geschwommen - dat heescht bei der Additioun amplaz 4 da 5 blo Quadrater - gouf et eng Belounung a Form vu Fudder. Bei enger falscher Äntwert kruten d’Fësch näischt.
Fir ze testen, ob d’Fësch hir Erkenntnisser op bei neien Aufgaben uwenne kënnen, hunn d’Fuerscher hir Aufgabe no der Léierphas verännert. Dobäi huet sech gewisen, dass d’Fësch och Aufgabe wéi 3+1 an 3-1 léise konnten. Och an enger Kombinatioun vun e puer geometresche Forme wéi Quadrat, Dräieck a Krees hätten d’Fësch richteg gerechent.
D’Fuerscher huet dëst och dowéinst iwwerrascht, well Pijen a Stachelroche kee Cortex hunn. Dësen ass beim Mënsch fir déi meescht komplex kognitiv Aufgaben zoustänneg. Wat een awer scho mol direkt aus dem Resultat vun der Etüd zéie kann, ass d’Confirmatioun, dass de Mënsch dozou tendéiert, aner Spezies z’ënnerschätzen.