Super Smash Bros. Ultimate a Kingdom Hearts 3 sinn déi Spiller, iwwert déi op Twitter am meeschten diskutéiert gouf.

Virun, wärend a no der gréisster Videospill-Foire op der Welt, der E3, gouf op Twitter massiv iwwert d'Presentatioune vun de grousse Publisher diskutéiert, kommentéiert a gedeelt. Elo huet Twitter e Bilan gezunn an e Ranking vun deene Spiller erausginn, iwwert déi am dackste geschwat gouf, also am populäerste waren.

Kuckt een sech reng d'Spiller un déi presentéiert goufen, gesäit d'Reiefolleg esou aus:

1. Super Smash Bros. Ultimate
2. Kingdom Hearts 3
3. Fallout 76
4. The Last of Us 2
5. Death Stranding

Nintendo huet seng Fans dëst Joer wierklech verwinnt, dat ënnert anerem mat engem 30 Minutte laange Video iwwert dat Spill, dat Community wierklech interesséiert. Riets geet natierlech vum neien Super Smash Bros. Ultimate. Hei war et virun allem d'Annonce, dass alleguerten d'Charakteren aus de Spiller virdrun dobäi sinn, dass de Ridley an d'Daisy als Charakteren am Spill dobäi kommen an natierlech de Release-Datum vum 7. Dezember dee genannt gouf. Wann ee weess, wéi riseg d'Smash-Community ass, dee wonnert et dann och net, dass den Hype an d'Virfreed op dësen Titel bei deene Leit reegelrecht Euphorie ausgeléist huet.

Bei Kingdom Hearts 3 ass et op der enger Säit d'Fan-Base, awer och de Fakt, dass ganzer 3 Traileren op der E3 gewise goufen, dat bei verschiddene Publisher. Sou ass d'Spill, dat scho méi laang erwaart gëtt, konstant am Gespréich gewiescht.

Fallout 76 war jo kuerz virun der E3 annoncéiert ginn. Op der E3 goufen et dann déi éischte Fakten a Biller an dat ass de Fans natierlech net entgaangen.

The Last of Us 2  an Death Stranding sinn och Spiller, déi schonn zënter der E3 2017 bekannt sinn, elo gouf et awer eng éischte Kéier Gameplay-Footage a länger Traileren.

An der Redaktioun waren et awer virun allem och Spiller wéi Cyberpunkt 2077 (CD Projekt Red), de Remake vu Resident Evil 2 oder Super Mario Party fir d'Switch, déi nawell en Androck hannerlooss hunn.

Hëlt een net nëmmen d'Spiller, mee d'Sujeten am Allgemengen op der E3, läit och hei Nintendo nees ganz fir:

1. Nintendo (@Nintendo)
2.
Xbox (@Xbox)
3.
Super Smash Bros. (#SuperSmashBros)
4.
Fallout (@Fallout)
5.
Playstation (@PlayStation)
6.
Kingdom Hearts (@KINGDOMHEARTS)
7.
Ubisoft (@Ubisoft)
8.
Elder Scrolls (@ElderScrolls)
9.
Death Stranding (#DEATHSTRANDING)
10.
Fortnite (@FortniteGame)