Domatten ass mat dee gréisste Marché op der Welt ëm iwwer 13% am Verglach zu 2016 geklommen.

Vir dat ganzt kuerz ze verdäitlechen, hei e klenge Verglach. 2017 huet d'Museksbranche ronn 17 Milliarden Dollar ëmgesat, d'Filmbranche louch bei tëscht 30-40 Milliarden Dollar. Rechent een déi zwou Branchen zesummen, kënnt ee mol net op d'Halschent vun deem, dat Gaming-Branche eleng realiséiert huet. An am Contraire zu der Museksbranche zum Beispill, wiisst d'Gamingbranche vu Joer zu Joer massiv. 13,3% ass den Ëmsaz am Verglach zum Joer virdru geklommen.

2018 sinn da fir déi éischte Kéier d'Appen, also de mobille Gaming-Marché, vir d'Majoritéit vum Ëmsaz responsabel. Am Verglach zu 2017 ass de Marché vu Spiller op Smartphonen a Tablets ëm 25,5% op ganzer 51% geklommen, wat gutt 70 Milliarden Dollar am Ganze bedeit.

A ganz Europa rechent ee mat engem Klamme vun de Verkeef vu ronn 8,8%, Däitschland läit an der EU op der Nummer 1, mat engem Ëmsaz vu 4,69Milliarden Dollar, ronn 1 Milliard Dollar méi wéi virdrun. Weltwäit läit iwwregens China op der Nummer 1, dat mat bal 38 Milliarden Dollar. Dono kommen d'USA, Japan, Südkorea an Däitschland.

Hei déi 1 gréisste Marchéen op der Welt - Stand: Juni 2018

 
China37,945 Milliarden Dollar
USA30,411 Milliarden Dollar
Japan19,231 Milliarden Dolar
Südkorea6,647 Milliarden Dollar
Deutschland4,687 Milliarden Dollar
Vereinigtes Königreich4,453 Milliarden Dollar
Frankreich3,131 Milliarden Dollar
Kanada2,303 Milliarden Dollar
Spanien2,032 Milliarden Dollar
Italien2,017 Milliarden Dollar