Mëtt Abrëll ass dei hollänesch Glécksspillagence zu der Konklusioun komm, dass Lootboxen géint d'Gesetz géife verstoussen.

Ausgeléist hat dës Lawin jo d'Spill "Star Wars Battlefront II", déi et mam "geloots" ferm iwwerdriwwen haten. Doropshi goufen eng ganz Partie aner Spiller méi genee ënnert d'Lupp geholl, dorënner CS:GO an Dota 2 vu Valve.

Déi concernéiert Publisher hate bis den 20. Juni Zäit, déi ugeschwaten Zoustänn ze änneren. Sollt dëst net geschéien huet d'Agence mat Strofen a Form vu Geldstrofen a Verkafsverbuet menacéiert. Valve huet doropshin den Item-Handel fir Spiller aus Holland desaktivéiert.

Zënter dem 20. Juni kréien déi betraffe Spiller och an deem Kader eng In-Game Noriicht ugewisen:

"We still don’t understand or agree with the Kansspelautoriteit’s legal conclusion, and we’ve responded to explain more about CS:GO and DOTA 2. In the meantime, we have a threat from the Kansspelautoriteit to prosecute Valve if we don’t implement a remedy by June 20… So for now our only practical alternative is to disable trading and Steam Marketplace transfers for CO:GO and DOTA 2 items for Dutch customers. We apologize to you for this inconvenience." (Valve, 20. Juni)

Valve hofft elo an dëser Affär séier eng Léisung mat der hollännescher Agence ze fannen.