Better Together: Mat deem Slogan maachen Nintendo an Microsoft Reklamm fir Minecraft, dat zesummen an engem Spot, eppes dat relativ seele virkënnt.

Nintendo a Microsoft hunn sech elo fir e Spot zesummegedoen an domadder indirekt natierlech den 3. am Bond, nämlech Sony, ausgeschloss. Konkret geet et hei ëm eng Kollaboratioun beim weltbekannte Spill "Minecraft". Hei gëtt et jo elo eng Crossplay-Funktioun, et ass also méiglech, dass Nintendo-Besëtzer a Microsoft-Spiller zesumme spillen, obwuel et 2 verschidde Konsole sinn.

Wat weider Ueleg an d'Feier geheit, ass de Fait, dass béid Entreprisen sech extrem positiv géigesäiteg duerstellen, eppes dat extrem onüblech ass an der Gaming-Branche. An Sony ass net dobäi... E Fall vu "Boarderline-Mobbing"?

Op Twitter halen sech béid Publisher och net zréck fir hir nei Frëndschaft der Welt ze presentéieren:

Nintendo USA Tweet

xbox

Sony kann dobäi just domm aus der Wäsch kucken:

sony

Bedauere kann ee Sony allerdéngs net, déi wieren sech nämlech selwer mat Hänn a Féiss géint e Crossplay bei Minecraft. Bei Rocket League ass dat schonn opgefall, wou PC, Xbox a Switch am Crossplay funktionéieren, Sony ka just mat Leit mat engem PC zocken. Dat Ganzt, esou den Jim Ryan vu Sony, wier eng intern a geschäftlech Decisioun gewiescht.