De Gigant Microsoft plangt an Zukunft, de Game Pass an de Cloud-Gaming-Service och op der Switch ze offréieren.

Nintendo a Microsoft kéinten an Zukunft matenee kooperéieren, eppes dat viru Joren ondenkbar gewiescht wier. Et soll nämlech méiglech ginn, Xbox-Spiller op der Switch ze zocken. Dat mellt op alle Fall de Youtube-Channel "Direct Feed Games", dee sech op Insider-Quelle stäipt.

Hei géifen et 2 Weeër ginn, eemol dass d'Spiller einfach "geport" ginn, also ëmgeschriwwe fir d'Switch. Hei solle Spiller wéi Ori oder Blind Forest a Fro kommen.