Am Ufank vun der Entwécklung vum leschte God of War sollen et Pläng gi sinn, fir de Kratos als Haaptprotagonist ofzeseeën.

Dëst huet de Game Director vum Spill, de Cory Barlog elo verroden. Wéi et souguer heescht, soll hien als nerveg bezeechent gi sinn, seng Zäit wier einfach ëm.

De Kratos gouf 2005 als granzegen Antiheld erschaffe gi sinn, eppes, dat dem Cory Barlog no och zum deemolegen Zäitpunkt Sënn erginn hätt.

E neien Held sollt seng Plaz anhuelen, de Kratos sollt net a God of War sinn, mä d'Spill sollt sech allgemeng ëm déi griichesch Mythologie a net ëm eng eenzel Persoun dréinen.

D'Schlësselfigur déi dunn de Kratos awer um Liewe gehalen huet, war dem Kratos säi Jong, den Atreus. De Corey Barlog konnt d'Team esou iwwerzeegen, de Kratos bäizebehalen, dat well hien als Zort moralesche Kompass fungéiert, dat dozou féiert, dass hien sech ännert.

Also souzesoe vum Granzert zu engem Papp deen sech suergt. Allerdéngs huet de Personnage vum Atreus gutt misse funktionéieren a net just eng Niewefigur sinn. Mä wéi ee gesäit, huet et geklappt.