De Ronaldo wäert an Zukunft also fir Piemonte Calcio spillen, d'Rechter fir den Numm vu Juventus Turin huet elo de Konkurrent PES20.

Eng gréisser Enttäuschung fir alleguerten d'Fans vu FIFA wäert et dësen Hierscht ginn, dat well FIFA 20 ouni Juventus Turin muss auskommen. Déi bekanntsten Futtball-Serie op der Welt huet nämlech keng Rechter méi, fir de Numm "Juventus Turin" ze notzen. D'Ekipp selwer existéiert zwar nach, mä ënnert dem fiktive Numm "Piemonte Calcio".

Wéi Juventus Turin bekannt ginn huet, stécht een exklusiven Deal mat engem anere Spill-Hiersteller dohannert. D'Firma Konami huet een Accord ënnerschriwwen an huet sech domadder sämtlech Rechter op d'Nimm geséchert. Wien also weider mat Juventus Turin spille wëll, muss beim Konkurrent PES (Pro Evolution Soccer) wiesselen.

Net nëmmen d'Spiller an d'Nimm vu Juventus wäerten et net méi am Fifa 20 ginn, mä och de Logo an den italienesche Stadion. Nëmmen nach Konami däerf dës verwenden.

Zulescht huet PES sech och d'Rechter un den Nimm vu Bayern München a Manchester United geséchert. Dëst ass awer nach net exklusiv. Déi béid Veräiner wäerten also weiderhin am Fifa 20 dobäi sinn.

Fifa 20 kennt iwwregens den 27. September 2019 fir all Plattform op den Maart.