Dank dem verbesserten Akku kann een tëschent 4,5 an 9 Stonne spillen.

Déi kleng Variant vun der Switch d'"Nintendo Switch Lite" gouf viru kuerzem ugekënnegt. Dem offiziellen Nintendo-Site no soll och nach eng méi leeschtungsstaark Variant erauskommen. Och wann et sech hei nëmmen ëm eng Hardware-Revisioun handelt.

Wien also bis elo nach ëmmer keng Nintendo Switch huet, dee soll am beschte bis September waarden. Well um Enn vum Joer soll den neien a bessere Modell op de Maart kommen. Déi nei Hardware-Revisioun soll zwar de selwechten Numm ewéi déi al hunn, mä se kënnt dofir awer an enger anerer Verpakung. Zudeem kann een op der neier Versioun méi laang zocken.

Dank dem verbesserten Akku kann een tëschent 4,5 an 9 Stonnen um Stéck spillen, am Géigendeel zu der aler Versioun, mat där een nëmmen 2,5 bis 6,5 Stonne spille konnt. Esou kann een zum Beispill am "Handheld-Modus", The Legend of Zelda: Breath of the Wild, fir knapp 5,5 Stonne spillen, bis d'Switch erëm opluede muss ginn.

Och kënnt den neie Modell mat enger anerer Seriennummer: MOD.HAC-001-01. Déi al ass mat MOD.HAC-001 gekennzeechent. Passt also beim Kafen op d'Seriennummer op, souwéi och op d'Verpakung, wann dir déi nei Versioun kafe wëllt.

Um Nintendo-Site kënnt dir kucken, ewéi eng Nintendo Switch besser fir iech ass.