Gamer, déi sech elo well fir de Start vum Déngscht umellen, kréie vum 3. bis den 30. September Zougang zu enger Test-Versioun vun "Uplay+".

Ëmmer méi Gaming-Déngschter kommen op de Maart. Fréier gouf et u sech just Steam. Mëttlerweil ass awer och den Epic Store dobäi komm, deen engem vill ubitt. Elo am September baut och Ubisoft säin Uplay-Déngscht mat engem Premium-Abo aus.

Dat neit Abonnement "Uplay+" soll vum  3. September 2019 un op de Maart kommen an een onageschränkten Zougang zu méi wéi 100 Titelen ubidden. Dësen Déngscht gëtt et awer just um PC.

Gamer hunn och Zougang zu gratis Test-Versiounen. Persounen, déi sech fir de Start vum Déngscht umellen, kréie vum 3. bis den 30. September Zougang zu enger Test-Versioun vun "Uplay+", souwéi fir d'Beta vun Tom Clancy's Ghost Recon Breakpoint, déi den 5. September starten. Eréischt no der gratis Test-Versioun vum September, muss een dann vum Oktober 2019 un 14,99 € pro Mount bezuelen.

Fir weider Informatioune kënnt dir op de Site vun Ubisoft goen.