JRPG-Fans musse sech weider gedëllegen.

D'Fans vun dem japanesche Rollespill mussen nach e bëssi Gedold hunn. Dëst, well den NIS America de Release-Datum an den USA vun The Legend of Heroes: Trails of Cold Steel lll op den 22. Oktober 2019 verluecht huet. De selwechten Dag soll d'Spill och an Europa erauskommen.

Playstation 4-Gamer musse sech nach méi laang, wéi bis den Oktober gedëllegen, fir d'Spill ze hunn. De genauen aktuelle Release-Date ass nach net bekannt.