Am Kader vun der CES 2020 zu Las Vegas huet Sony den offizielle Logo fir déi nei Konsol presentéiert an iwwerrascht net wierklech...

Wéi d'PS5, déi jo Enn 2020 erauskënnt, wäert ausgesinn, ass nach ëmmer net gewosst, ma mëttlerweil weess een alt, wéi de neie Logo vun der Playstation 5 wäert ausgesinn. Dëse Logo gouf am Kader vun der CES 2020 vu Sony elo eng éischte Kéier presentéiert.

Den Design vum "neie" Logo ass dann awer éischter enttäuschend fir d'Fans, well et an sech genee dee selwechte Logo wéi bei der PS4 ass, ebe just mat enger "5" amplaz enger "4". Reng vum Design bleift de japanesche Gaming-Gigant bei al Bewäertem.

Hei béid Logoen am direkte Verglach:

Microsoft ass do jo bei hirer neier Xbox Series X vill méi wäit a souguer den Design vun der Konsol scho presentéiert.

Op der CES 2020 huet den Jim Ryan, de CEO vu Sony Interactive Entertainment niewent dem Logo, just nach eemol bekannten Detailer presentéiert:

- 3D Audio Sound
- Haptesch adaptiv Triggeren an der DualShock 5-Manett
- Ultra-High Speed SSD
- Ray Tracing
- Ultra HD Blu-ray

Soss goufen et just nach Fakten iwwert d'PS4 an d'PSVR:

- 106 Millioune PS4-Konsole goufe bis ewell verkaaft
- 103 Millioune Spiller si bei Playstation Network ugemellt
- 5 Millioune VR-Headsets goufe verkaaft
- 1,15 Milliarde Produite goufe bis ewell aus dem Store erofgelueden