Bei ville Spiller gouf den Datum vun der Vente vum Spill däitlech no hannen geréckelt oder souguer op onbestëmmten Zäit verluecht.

Hei eng Lëscht mat deene Spiller, déi net zu deem Zäitpunkt erauskommen, wéi et an sech initial geplangt war.

Cyberpunk 2077

De Release-Datum vu Cyberpunkt 2077 vun CD Projekt Red war an sech laang fir de 16. Abrëll festgehale ginn, ma dee gouf awer elo vun offizieller Säit op de 17. September verréckelt, also 5 Méint méi spéit.

Zënter 2012 ass gewosst, dass CD Projekt Red u Cyberpunkt schafft, e puer Méint méi laang waarden dierf d'Fans dohier manner stéieren, obwuel mam Abrëll de Release-Datum schonn zum Gräife no war.

Dying Light 2

Méi Zäit bei der Entwécklung brauch och Techland, dat fir hiert neit Spill Dying Light 2. Wéi et vun offizieller Säit heescht, wéilt een gären d'Erwaardunge vum Client sou gutt et geet erfëllen.

Den Datum selwer ass op onbestëmmten Zäit verréckelt ginn.

Final Fantasy 7 Remake

Ufanks fir den 3. Mäerz fixéiert, kënnt de Remake vum legendäre Final Fantasy 7 elo den 10. Abrëll eraus.

Grond sollen eng Partie Detailer sinn, déi virum Launch nach solle fixéiert ginn.

Marvel's Avengers

D'Spill sollt u sech am Mee erauskommen, ma hei sinn d'Fans awer och elo rezent enttäuscht ginn. Elo gëtt als Datum de 4. September ugepeilt.

PS4- Besëtzer kënnen sech awer elo geschwënn op eng Early-beta vum Spill freeën, sou dass d'Waarde bis am September manner laang gëtt.