Beim Ingame-Event vum weltwäit bekannte Computerspill Fortnite waren 12,3 Millioune User beim Concert vum US-amerikanesche Rapper Travis Scott dobäi.

De Museker huet e Freideg ingame, also am Spill selwer, a Form vun engem Avatar e Concert ginn, wou en ënner anerem säin neie Song "Battle Royale" zum Beschte ginn huet.

D'Unzuel u Useren, déi zu der nämmlechter Zäit um Online-Spill "Fortnite" aktiv waren, ass séier op e puer Millioune geklommen a sollt dann och schliisslech fir en neie Rekord am Domän vun den Ingame-Eventer suergen: 12,3 Millioune Internaute wollte sech nämlech dëst virtuellt Spektakel net entgoe loossen.

Wien dat kosmescht Faarwespill verpasst huet, brauch net traureg ze sinn. De kompletten Optrëtt kann een op Youtube nokucken. Donieft huet Epic Games, d'Firma, déi hanner Fortnite stécht, weider Evenementer am deem Genre annoncéiert.