Ënnert anerem gouf fir déi éischte Kéier Gameplay vun Assassin's Creed Valhalla (Ubisoft) gewisen. Hei d'Traileren vun all Spill dat presentéiert gouf.

An enger Inside Xbox -Episod goufen et nei Weltpremièren, also Spiller, déi fir d'Xbox Serie X, also déi nei Next-Gen Konsol vu Microsoft wäerten erauskommen.

Hei de komplett Livestream nach eemol als Video fir nozekucken:

Vill vun de virgestallte Spiller wäerten dann och kuerz virum oder um Launch vun der neier Xbox Series X Konsol erauskommen. Keeft een sech d'Spill fir d'Xbox One, huet een et och automatesch fir déi nei Konsol an ëmgedréit.

Am Juli gëtt et dann d'Xbox Game Studios Show, mat exklusive Spiller vu Microsoft. Hei dierf een natierlech op 1-2 Sensatioune gespaant sinn.

D'Spiller déi presentéiert goufen:

- Assassin's Creed Valhalla (Ubisoft)

- Bright Memory Infinite (FYQD Studio)

- Dirt 5 (Codemaster)

- Scorn (Ebb Software)

- Chorus - Rise as One (Deep Silver)

- Madden 21 (EA)

- Vampire: The Masquerade – Bloodlines 2 (Hardsuit Labs)

- Call of the Sea (Out of the Blue)

- The Ascent (Neon Giant)

- The Medium (Bloober Team)

- Scarlet Nexus (Bandai Namco)

- Second Extinction: Reclaim Earth  (Avalanche Studios)

- Yakuza : Like a Dragon (Ryu ga Gotoku Studio)