Tsume
Lëtzebuerger verkeeft weltwäit seng impressionant Figuren
Tsume zu Sandweiler
Et ass zu Sandweiler, wou et eng Firma gëtt, déi schonn zanter 10 Joer existéiert an déi am Manga-Business weltwäit unerkannt ass.
Et ass zu Sandweiler, wou et eng Firma gëtt, déi schonn zanter 10 Joer existéiert an déi am Manga-Business weltwäit unerkannt ass.
De Cyril Marchiol huet vun Ufank un u seng Iddi gegleeft a kann elo 10 Joer dono nëmme positiv op d’Entwécklung zréck kucken, vu dass seng Figurinne weltwäit an och an den asiatesche Länner extrem gefrot sinn.
D’Präisser déi variéieren tëscht e puer honnert Euro bis e puer dausend Euro, deemno wéi grouss se sinn. Wat mat ronn 10 Leit Personal eng Kéier ugefaangen huet, dierf elo 55 Persoune beschäftegen . Dee nächste Projet ass schonn am Gaangen, elo gi BDen produzéiert, de Manga-Style ass méi beléift ewéi ee mengt.
Am meeschte gelies