Extrem kleng Konsol
Sega bréngt Game Gear Micro eraus

© youtube
Sega kënnt mat esou enger neier klenger Retro-Konsol zeréck, dass dës ouni Problem an eng Hand passt.
Zu de Fakten: De Bildschierm vun der Game Gear Micro huet 1 Zoll (2,54 Zentimeter), de kompletten Apparat ass 80 Millimeter breet, 43 Millimeter héich an 20 Millimeter déif.
D'Konsol kënnt de 6. Oktober a Japan eraus, dat fir ëmgerechent 40€ an an de Faarwe Schwaarz, Blo, Rout a Giel.
Leit déi virbestellen, kréie souguer eng Aart Lupp, fir de Bildschierm dann awer bëssi méi grouss duerzestellen.
D'Faarf vun der Konsol definéiert iwwregens och d'Spiller déi op der Konsol drop sinn.
Schwaarz:
- Out Run
- Puyo Puyo Tsu
- Royal Stone
- Sonic the Hedgehog
Blo:
- Baku Baku Animal: Sekai Shiikugakari Senshuken
- Gunstar Heroes
- Sonic & Tails
- Sylvan Tale
Rout:
- Columns
- The G.G. Shinobi
- Megami Tensei Gaiden: Last Bible
- Megami Tensei Gaiden: Last Bible Special
Giel:
- Nazo Puyo: Arle no Roux
- Shining Force
- Shining Force II
- Shining Force: Final Conflict
Wéini d'Game Gear Micro hei an Europa erauskënnt, ass bis ewell nach net gewosst.
Am meeschte gelies