Op Indiegogo huet Atari virun 2 Joer e Crowdfunder gestart. Elo am Juni sollen déi Leit, déi de Projet gebacked hunn, dann hir Konsol kréien.

No laanger Entwécklungszäit soll elo nach am Juni déi éischte 500 Atari VCS Retro-Konsolen erausgoen, eng sougenannten Hybrid-Konsol, op där een och Streame kann, souwuel Spiller, wéi och Filmer a Serien, dat dann iwwer Netflix oder Disney+.

Wéi d'Atari-Box virun 3 Joer d'Campagne op Indiegogo lancéiert huet, hu ganzer 11.000 Leit de Projet ënnerstëtzt. D'Produktioun huet ëmmer nees misse verréckelt ginn, ënnert anerem och wéinst der Covid-19-Kris.

© Atari VCS Campagne

Ënnert anerem goufen et Problemer mat Plastik-Deeler, déi Feeler haten. Eng nei Firma ze fannen, war an der Kris schwéier, sou dass de Release sech extrem gezunn huet.

Op der offizieller Homepage kann een d'Konsol de Moment nach virbestellen. Zu der Konsol gehéiert e klasseschen Joystick awer och eng modern Atari-Manette. Op spéider d'Konsolen an d'Geschäfter an Europa kommen, ass nach net kloer.