Niewent der Konsol, goufen och exklusiv nei Spiller wéi Horizon II, Spiderman Miles Morales, Rachet and Clank, Grand Turismo 7 oder Hitman III gewisen.

Laang huet missten drop gewaart ginn, ma nodeems den Event Ufank des Mount verréckelt gouf, ass de Secret elo endlech eraus: Sony huet seng nei Konsol elo definitiv an d'Course geschéckt an exklusiv a ganz offiziell d'Konsol en Donneschdeg den Owend dem Public presentéiert. Iwwerraschend ass déi geschwonge Form vun der Konsol, eppes, dat d'Konsol vum Design hier op alle Fall vu senge Virgänger ënnerscheet.

Kuckt iech hei déi komplett Presentatioun vu Sony nach eemol an aller Rou un:

Beim Launch wäerten dann och 2 verschidde Konsolen erauskommen. Eng mat Lafwierk an eng digital Versioun, also ouni Lafwierk, dat well ëmmer méi Leit sech hir Spiller eroflueden.

Och goufen d'Manetten nach eng Kéier kloer gewisen, dat mat, ënner anerem Buttons op der Récksäit, déi kënne programméiert ginn an engem integréierte Mikro.

© Screenshot Presentatioun Sony

Dobäi ass dann e neie Kopfhörer mat 3D-Sound Technik, eng HD Kamera an eng Fernsteierung fir d'Konsol.

E Präis gouf net genannt, och nach kee geneeë Launch-Datum, obwuel et dierft kuerz virun de Feierdeeg am Dezember sinn.

Wat gouf et a Punkto Spiller ze gesinn?

Ugefaange gouf mat engem Remake vu GTA5 fir d'PS5, dat een dann och beim Launch vun der Konsol gratis dobäi kritt.

Dono gouf "Spiderman Miles Morales" annoncéiert, dat och dir de Release dierft erauskommen.

© Screenshot Presentatioun Sony

Och d'Racing-Spill Gran Turismo 7 dierf net feelen, sou dass d'Fans souguer Gameplay vum 7. Deel gewise kruten.

Fir d'Action an Adventure Fans war dann och direkt eppes dobäi, dat mat Ratched and Clank - Rift Apart. Och hei gouf et direkt Gameplay ze gesinn.

© Screenshot Presentatioun Sony

Dann huet Square Enix e ganz neit Spill erausbruecht, dat mam Numm "Project Athia". Vill ass net gewosst, eng jonk Fra spillt hei d'Protagonistin a schéngt eng speziell Force a sech ze hunn.

E weidert onbekannten d'Spill war Stray, dat am Joer 2021 wäert erauskommen.

Weider goung et mam Weltraum-Spill "Returnal", ier dunn de Nofolger vu Little Big Planet virgestallt gouf, dat mam Numm "Sackboy: A Big Adventure".

A Richtung Rocket League goung et dunn mam Spill "Destruction Allstars", iwwert dat och nach net vill gewosst ass.

Vun Ember Lab koum dunn e wonnerschéinen Trailer vum Spill "Kena - Bridge of Spirit", dat extrem spannend ausgesäit, ma och nach wéineg gewosst ass.

Du kruten d'Leit en Trailer vu Goodbye Volcano High gewisen, e Spill dat 2021 eraukënnt a bei deem een ausser engem klengen Teaser net vill gesinn huet. Hei geet et op alle Fall ëm personifizéiert Dinosaurier, déi, wéi et schéngt wéi Mënsche liewen.

Mat Oddworld Soulstorm ass dunn nees en Jump and Run ausgepaakt ginn, dat ville Fans dierft gefalen.

Am Joer 2021 kënnt dann och Ghostwire: Tokyo, en iwwerdréite Shooter eraus.

Vu Superbrothers kënnt dann ëm d'Feierdeeg nach en interessant Spill mam Numm "Jett The Far Shore" eraus. Vu Gearbox kënnt ëm déi selwecht Zäit "Godfall" op de Maart.

Vir vill Freed dierft den Trailer vum neie "Resident Evil: Village" gesuergt hunn, e Spill, dat ganz anescht wéi seng Virgänger ausgesäit an dierft fir Spannung suergen.

© Screenshot Presentatioun Sony

© Screenshot Presentatioun Sony

Fir déi gréissten Opreegung dierft awer d'Presentatioun vun der Suitte vun "Horizon Zero Dawn" gesuergt hunn.

© Screenshot Presentatioun Sony

D'Spill wäert "Horizon II Forbidden West" heeschen an dierft genee wéi säi Virgänger nees iwwerzeegen.

© Screenshot Presentatioun Sony

Weider Spiller déi virgestallt goufe waren: Solar Ash, Hitmann III Death Awaits, Astro's Playroom, Little Devil Inside, NBA 2k21 (September 2020), Bugsnax, e Remake vun Demon's Souls, Deathloop (Bethesda) a Pragmata.

Maacht iwwregens mat bei eiser grousser Ëmfro!