Activision an den Entwécklerstudio "Toys for Bob" hunn den nächsten Deel vum Jump&Run-Spill annoncéiert.

D'Spill soll schonn am Oktober dëst Joer fir PS4 an Xbox One erauskommen.

D'Aventure vum weltberüümten Dacks ginn also weider. Am neisten Titel Crash Bandicoot 4: It's About Time kënne säi Feind den Doctor Neo Cortex zesumme mam Doctor N. Tropy aus dem Prisong ausbriechen. Dobäi hunn si Raum an Zäit komplett duerchernee bruecht. De Crash an d'Coco mussen also nees géint hir Géigner untrieden an de ganze Chaos nees riicht béien.

Ënnert anerem wäert een am Spill an engem Astronaute-Kostüm op Maueren a souguer um Plaffong lafe kënnen. Et wäert souguer méiglech sinn, an d'Haut vum Dr. Neo Cortex eranzeklammen a souzesoen als dem Crash säi Géigner ze fungéieren.

Release ass den 2. Oktober.