Kotaku, eng Videospill-Websäit, deelt mat, dass et géint e eng Partie Twitch-Streamer Uschëllegunge géint sexuell Belästegung e Mëssbrauch gëtt.

Nodeems Twitch an der Vergaangenheet méi dacks virgeworf krut, verschidde Meldungen net eescht ze huelen, huet d'Entreprise elo massiv Twitch-Streamer blockéiert. Wéi et vun Twitch aus heescht, géif een elo ufänken d'Fäll lues a lues opzeschaffen, ugefaange mat deene gravéierendste Fäll.

Sollten et effektiv Beweiser ginn, dass Streamer aner Persoune sexuell belästegt hunn, géifen dës ouni ze zécke blockéiert a gespaart ginn, egal wéi vill Succès dës Persounen op Twitch hunn.

Ganz iwwerraschend gouf elo de bekannte Streamer Dr Disrespect gespaart. Eréischt am Mäerz huet dëse mat Twitch e Millioune-schwéieren Deal ënnerschriwwen. Wisou hien elo gespaart gouf, ass net kloer, ma d'Spär soll liewenslänglech sinn.

Hie selwer seet dann och, net ze wëssen, wisou hie vun Twitch gespaart gouf. Verschidden Insider soen awer, dass et en extrem sensibelt Thema wier an dass domadder d'Karriär vum Streamer dierft eriwwer sinn.