Nintendo-Spiller kënne just nach digital iwwert den E-Shop oder Retail als Box a Cartridge kaf ginn.

Wann ee Spiller fir seng Nintendo Switch kafe wollt, hat ee bis elo dräi Méiglechkeeten. Et ass een se entweder an de Buttek als Retail-Versioun kafe gaangen, et huet een sech en Download-Code fir d’Spill entweder online oder am Buttek kaaft, deen een dann am Nintendo E-Shop ageléist huet, oder et huet een sech et einfach direkt am E-Shop kaaft an erofgelueden.

Mä Download-Codes fir Spiller, déi vun Nintendo verëffentlecht goufen, wäert een deemnächst net méi an de Butteker ze fanne kréien. Zumindest wann een dësem offizielle Statement säitens Nintendo gleewen dierf:

"Nach sorgfältiger Prüfung der Entwicklungen auf dem europäischen Markt in den letzten Jahren hat Nintendo beschlossen, den Vertrieb von Downloadcodes für selbst veröffentlichte Software über den Einzelhandel zum 1. Juli 2020 einzustellen.

Kunden können weiterhin Nintendo eShop-Guthaben, Nintendo Switch Online-Mitgliedschaften und Zusatzinhalte wie den Pokémon Schwert und den Pokémon Schild-Erweiterungspass bei Einzelhändlern in ganz Europa erwerben. Auch Downloadcodes für Nintendo Switch-Software anderer Publisher werden weiterhin verfügbar sein."

Deemno kann een Nintendo-Spiller just nach digital iwwert den E-Shop oder Retail als Box&Cartridge kafen. D’Spiller vun anere Publisher, DLC-Packagen vun Nintendo, souwéi och Nintendo-E-Shop-Bonge wäerten awer och nach an Zukunft am Handel ze fanne sinn. Dat heescht just déi exklusiv Nintendo-Software ass vun deene Mesurë betraff.

Wie stitt Dir zu dëser Entscheedung? Sidd dir ee Fan vun digitalen Downloads oder kaaft Dir d’Spiller léiwer op di almoudesch Aart a Wéis? Loosst eis et wëssen!