Déi 3 nei Spill dëse Mount sinn NBA 2K20, Shadow of the Tomb Raider an Erica.

Am Juli 2020 stinn net nëmmen 2, ma 3 Playstation-Spiller zur Auswiel, fir gratis erofzelueden. De Grond ass den 10. Gebuertsdag vu Playstation Plus.

Zu de Spiller, déi en Dënschdeg erauskommen, zielen NBA 2K20, dat natierlech schonn zënter Jore als den absolute Must fir Basket-Fans gëllt.

Da kann ee sech awer och Shadow of the Tomb Raider an der "20 Years Celebration" - Editioun eroflueden. Virun allem kritt een hei eng verbessert Grafik gebueden, sou dass d'Aventurë vum Lara optesch nach méi eppes hiermaachen.

Als 3. Spill gouf dann Erica annoncéiert. Bei dësem spillbare Film geet et ëm eng Fra, déi mat Albdreem geplot ass. Hei kann de Spiller da mat Entscheedungen, déi e wärend dem Film hëlt, d'Handlung änneren a wäert och Konsequenze fir de Schluss vum Film hunn.